Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus
Conférence

Fräischaffend Kënschtler zu Lëtzebuerg. Wat huet dat fréier geheescht a wat hescht dat haut?

Table Ronde
DateHoraireLangues
  • LU

Vu senger Konscht ze liewen, dat war an ass de Wonsch vu ville bildende Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg. Ma d’Situatioun um Niveau vun der Educatioun, dem kënschtlereschen Austausch, der Konkurrenz, der Visibilitéit, der sozialer Ofsécherung oder dem offiziellen Statut waren am 20. Joerhonnert deels ganz verschidden ewéi haut. Wien dierf, virum Hannergrond vun dësen ongläiche Konditiounen, als fräischaffende Kënschtler oder fräischaffend Kënschtlerin verstanen ginn? Anhand vu wéi enge Krittären zeechent sech dëse Beruff aus? A wat bréngt et mat sech zu Lëtzebuerg professionelle Kënschtler oder Kënschtlerin ze sinn?