Eng Féiererung fir Kanner op Lëtzebuergesch. Mam Carole Jung.
Beim éichte Kontakt mam Musée soll de Kanner erklärt ginn wat e Musée iwwerhaapt ass a firwat en do ass ; e Musée sammelt, versuegt,vermëttelt a stellt Saachen aus.
D'Kanner ginn op Entdeckungsrees duerch de Musée a leeën hir eegen kleng Sammlung un. Mat Hellëf vun enger Zäitschnouer, déi zesummen opgestallt gëtt, kennen déi gesammelt Saachen och ganz einfach zäitlech ageuerdnet ginn.