Acceptez-vous l'utilisation de cookies pour vous assurer une meilleure expérience sur notre site web ?

En savoir plus

Op de Spuere vum Jean Mich: eng Detektivaarbecht iwwert e faszinante Personnage par Alex Bodry (en luxemburgeois)

    Category:
  • Conférence
  •  :
    • 10.01.2019 - 18:00 - LU

Den Alex Bodry ass e begeeschterte Kenner vum Art nouveau a vum Art déco zu Lëtzebuerg. Iwwert dee Wee ass hie viru Joren a Kontakt komm mat Wierker vum Jean Mich, iwwert deem säi Liewen net ganz vill bekannt war. Et wousst ee mol net wéini genau de Mich gestuerwe wier! An enger minutiéiser Detektivaarbecht, ass et an deene leschte Jore gelongen d'Liewe vun dësem faszinante Personnage besser ze beliichten. De Jean Mich erschéngt eis haut als en talentéierten a selbstbewosste Kënschtler, deen et net ëmmer einfach hat vu senger Konscht ze liewen an trotzdeem net opginn huet. Och wann de Jean Mich nach ëmmer seng Geheimnisser a Mysterië behält, luede mir Iech a säi Liewen tëschent Lëtzebuerg, Paräis, China an anere Plazen, säi Wierken a ville kënschtlereschen Domainer a seng Perséinlechkeet ze entdecken.