Néi Mediateure gesicht!
SchoulateliersDe Nationalmusée um Fëschmaart sicht nei freelance Guidë fir Visitten
a Schoulateliers an der Archeologie ze encadréieren, souwuel fir de
Fondamental wéi och fir Lycéesklassen. Déi pädaogesch Aktivitéiten stinn
am Zesummenhang mat der Muséessammlung, déi d'Geschicht vun der
Steenzäit bis an d'Mëttelalter couvréiert. Och um Site vun der
réimescher Villa zu Iechternach gi Workshops a Visitten organiséiert.
Aus deem Grond ass eng Basiskompetenz an der Geschicht oder der
Archeologie genee esou wichteg wéi d'Erfarung am educative Beräich.
Sidd Dir interesséiert? Da mellt Iech op email hidden; JavaScript is required
