Vu senger Konscht ze liewen, dat war an ass de Wonsch vu ville bildende Kënschtler a Kënschtlerinnen zu Lëtzebuerg. Ma d’Situatioun um Niveau vun der Educatioun, dem kënschtlereschen Austausch, der Konkurrenz, der Visibilitéit, der sozialer Ofsécherung oder dem offiziellen Statut waren am 20. Joerhonnert deels ganz verschidden ewéi haut.

Wien dierf, virum Hannergrond vun dësen ongläiche Konditiounen, als fräischaffende Kënschtler oder fräischaffend Kënschtlerin verstane ginn? Anhand vu wéi enge Krittären zeechent sech dëse Beruff aus? A wat bréngt et mat sech zu Lëtzebuerg professionelle Kënschtler oder Kënschtlerin ze sinn?

Table ronde mat der Kulturministesch Sam Tanson, der Kënschtlerin Julie Wagener (Association des Artistes Plasticiens du Luxembourg), dem Kënschtler Roland Schauls, der fréierer Kulturministesch Erna Hennicot-Schoepges an der Jamie Armstrong (Lëtzebuerger Konschtarchiv, MNHA).

D‘Diskussiounsronn gouf vum Paul Bertemes (mediArt) moderéiert.