Kéint Lëtzebuerg eent vun de wéinege Länner an Europa sinn, dat keng kolonial Vergaangenheet hätt? Dëst Thema iwwer d’kolonial Vergaangenheet vu Lëtzebuerg gëtt an engem Ronndëschgespréich mat Perséinlechkeeten aus Verbänn, Politik an Akademie debattéiert.

D’Participantë stelle sech och d’Fro iwwer d’Konsequenze vun där Vergaangenheet op d’Bezéiunge mat de Länner am Süden. Den Här Franz Fayot, Minister fir Entwécklungszesummenaarbecht an humanitär Ugeleeënheeten, hëlt un dëss spannend Debatt deel esouwéi:

  • D'Antonia Ganeto, Finkapé
  • D'Sandrine Gashonga, Lëtz Rise Up
  • De Kevin Goergen, C2DH
  • Den Alpha Muyizere, Richtung22
  • De Fernand Kartheiser, Deputéierten ADR