Lächer am Eisenen Rideau? Lëtzebuerger Wirtschaftsdiplomatie am Kale Krich

    Category:
  • Conférence
  •  :
    • 14.07.2016 - 18:00 > 20:00 - LU

Mat der Konsolidéierung vum sougenannten Ostblock, sinn och fir Lëtzebuerger Entreprisen Dieren an den osteuropäeschen Staaten zougaangen. Virun allem d'Arbed, déi deemoleg gréissten Lëtzebuerger Entreprise war vun den Verstaatlechungen vun sengem Verméigen am Ostblock betraff. Wéi huet d'Entreprise ob des Nouvelle reagéiert? Wéi eng Lëtzebuerger Acteuren waren an der Affaire em d'Verméigen vun der Arbed involvéiert an wéi hunn dës zesummegeschafft? Dëst sinn nëmmen dräi Froen, ob déi den Virtrag soll Äntwerten liwweren. Dobäi intresséiert virun allem och, wat fir een Entscheedungs- an Handlungsspillraum Lëtzebuerger Acteuren an Zäiten vum Kale Krich am Ostblock iwwerhaapt haten?

Konferenz vum Marc Birchen, Dokter an der Geschicht, Professeur-stagiaire am LGL an LTB.