All déi Nimm, all déi extra Saachen... D'Arzneimëttele vun deemools mam Marc Bruck op Lëtzebuergesch

    Category:
  • Conférence
  • Theme:
  • Arts décoratifs et populaires
  •  :
    • 26.10.2017 - 18:30 > 20:00 - LU

Dës Konferenz vum Apdikter Marc Bruck gëtt en Abléck - ënner anerem unhand vun de Medikamenter aus der Apdikt Lechen - iwwert déi therapeutesch Méiglechkeeten déi esou ëm 1810 bis 1850 existéiert hunn. Dokumenter an Illustratioune ginn e liewegt Bild vun der Entwécklung vum Medikamenteschaz aus vergaangenen Zäiten a weisen wéi d'Mëttele fir ze heelen och parallel mat dem medizinesche Weiderkommen evoluéiert hunn. Di meescht Mëttele vun deemools sinn zwar hautesdaags net méi vu Bedeitung, hunn awer de Fong fir déi modern Medizin vun haut geschaf.

Virun der Konferenz kann de Visiteur sech e kuerzen Abléck schaafen an d'Ariichtung vun der Apdikt Leechen, di um - 1 vun der Aile Wiltheim ausgestallt ass.